ORIKA Aktivitéit fir d’Schouljoer 2023/2024

ORIKA Aktivitéit fir d’Schouljoer 2023/2024

ORIKA Aktivitéit fir d’Schouljoer 2023/2024

5 juillet 2024

  - Agenda

Den 3. Juli huet dei lëscht ORIKA Aktivitéit fir d’Schouljoer 2023/2024 am Lycée Bel-Val stattfonnt.
Tëscht November 2023 a Juli 2024 hu ronn 660 Schoulkanner aus Primärschoule vun Diddeleng, Esch, Lalleng, Bieles, Suessem, Steebrécken, Reckeng-Mess, Monnerech a Schëffleng zesumme mat hire Schoulmeeschteren a Léierinnen hieren éischten Dag am Lycée verbruecht. No enger Visitt guidée vum Gebai an engem gemeinsamem Mëttegiessen an der Schoulkantin konnten d’Kanner aus dem Cycle 4.1 a 4.2 a verschidden Atelieren hier Talenter an der Elektronik, am Holz, am Metall, am Baken an an den Naturwëssenschaften ënner Beweis stellen.