Optiounscours Memoshoa

Optiounscours Memoshoa

Optiounscours Memoshoa

28 janvier 2025

  - événements

Läschte Freidech hunn d’Schüler vum Optiounscours Memoshoa, deen op der 3e ugebuede gëtt, de Gedenkwee an der Stad gemaach an uschléissend den Zéitzeien Simon Gronowski begéint, en Iwwerliewenden vum Holocaust, deen hinnen séng Geschicht verzielt huet. Merci un de Sacha Pulli an d’Noémie Calisti, déi desen Optiounscours ubidden.

Beréierende Moment haut fir eng Rei Schüler a Schülerinne aus dem Lycée Bel-Val. Sie haten haut d’Méiglechkeet dem Simon Gronowski (Zeie vun der Shoah) nozelauschteren an him Froen ze stellen.

De Simon Gronowski hat 11 Joer wou hien, seng Mam d’Chana a a seng Schwester d’Ita vun der Gestapo festgeholl goufen. Den 18. Abrëll 1943 goufen si zesumme mat iwwert 1000 aner Judden a Jüddinnen an den zwanzegste Convoi gestach an Direktioun Ausschwitz-Birkenau.

Nodeems et belsch Resistenzler gelonge war d’Diere vum Waggon opzebriechen huet seng Mam hien am richtege Moment aus dem Zuch gestouss an him domat eng zweete Kéier d’Liewen geschenkt. Si selwer an dem Simon seng Schwester hunn Ausschwitz-Birkenau net iwwerlieft.

Am Alter vun mëttlerweil 93 Joer an 80 Joer nom Zweete Weltkrich leescht den Simon nach ëmmer eng enorm wichteg Aarbecht als Zäitzeien. Grad an dësen Zäite sollten esou Geschichten wéi dem Simon seng de Wee an d’Schoulen an d’Ëffentlechkeet fannen.

Oder wéi den Simon et haut vill méi treffend formuléiert huet:
« Pour défendre notre liberté d’aujourd’hui il faut connaître les malheurs d’hier ».

Dofir e grousse Merci un d’MemoShoah Luxembourg fir d’Organisatioun vun dësem Event am Kader vum Holocaust Remembrance Day 2025.

Artikel Tageblatt