D’Schüler vun der 3GIG (Schouljoër 2022 / 2023) vum Lycée Bel-Val sinn ausgezeechent ginn fir d’Wandrad dat se am Kader vun eisem Sustainable Week gebaut hunn.
De 25. Oktober huet den éischten Engagementspräis stattfonnt : Projeten, déi am Kader vun der Method « Léieren duerch Engagement » entstanen sinn, goufe priméiert.
« Léieren duerch Engagement » (LdE) erlaabt et Schüler*innen vun all Alter an aus all ordre d’enseignement hiert Wëssen a Kompetenzen aus der Schoul mat engem Engagement ze verbannen. Schüler*innen ginn encouragéiert eng aktiv Roll an der Gesellschaft anzehuelen, an hir perséinlech, sozial an demokratesch Kompetenzen se entwéckelen.